Wärend et am Oste vill reent, leit de Weste vun Australien un enger Dréchent. Dowéinst gëtt et op e puer Plazen am Weste scho gréisser Bëschbränn.
Esou wuel de Ree wéi och Dréchent féiere Meteorologen op de Klimawandel zeréck. Australien ass besonnesch staark vun der Äerderwiermung betraff.