D‘Luxair-Maschinn, déi hir Clienten aus de Golfstaate soll zeréckbréngen, ass um 18:45 Auer zu Maskat, der Haaptstad vum Oman, gestart.
D‘Luxair Boeing 737-800 war de Mëtteg um 11:30 Auer zu Maskat gelant. Si war zënter gëschter am ägypteschen Hurghada stationéiert fir prett ze sinn, wa sech eng Geleeënheet géif erginn, fir an den Oman Leit sichen ze fléien.
Déi betraffe Passagéier sinn um Mëttwochmoie mat engem Bus vun Dubai op Maskat transportéiert ginn.
Kanner, Kranker a Schwangerer solle Prioritéit hunn
Prioritéit hätten ënner anerem Famille mat Kanner a Persoune mat gesondheetleche Problemer, esou nach den Ausseministère. Déi Concernéiert géifen esou séier wéi méiglech kontaktéiert ginn.
An eng Boeing 737-800 gi maximal 186 Passagéier. Et wieren awer 600 Leit an der Kriseregioun blockéiert, déi op Lëtzebuerg musse rapatriéiert ginn. Nach um Mëttwochowend soll e weidere Fliger vu Maskat am Oman Richtung Lëtzebuerg organiséiert ginn, esou den Ausseminister Xavier Bettel an engem Videomessage.
Däitschland a Frankräich evakuéieren hir Staatsbierger:innen
Och aner europäesch Länner hunn ugefaang, hir Leit aus der Kriseregioun ze evakuéieren, dorënner och Frankräich an Däitschland. Op de Fluchhäfe vu München a Frankfurt sinn haut um Mëttwoch Fligeren aus Beirut, Dubai an Amman a Jordanie gelant. Den Ausseminister Johann Wadephul huet zwee weider Evakuéierungs-Volle vu Maskat am Oman fir muer an e Freideg ugekënnegt.
Och zu Paräis ass haut um Mëttwoch schonn en éischte Fliger mat blockéierten Touristen aus der omanescher Haaptstad Maskat gelant.
Zënter dem Weekend sëtzen Zéngdausende Mënschen, déi am Noen Osten an der Vakanz waren, fest, well de Loftraum an der ganzer Regioun gespaart gouf wéinst de Bombardementer an och nach weider gespaart bleift, op d‘mannst bis e Samschdeg.