Doriwwer eraus hätt d’Luxair en éischten net-kommerzielle Fliger an d’Regioun zu Hurghada an Ägypte stationéiert, dee jee no Entwécklung vun der Sécherheetslag op der Plaz fir d’Rapatriementer agesat ka ginn.
Als méiglechen Ausgangspunkt fir Rapatriementsvollen huet den Ausseministère den Oman genannt.
Prioritéit hätten ënner anerem Famille mat Kanner a Persoune mat gesondheetleche Problemer, esou nach den Ausseministère. Déi Concernéiert géifen esou séier wéi méiglech kontaktéiert ginn.