Beim Lëtzebuerger Ausseministère hu sech an Tëschenzäit eng 480 Leit gemellt, déi an der Regioun sinn, hat et gëschter op eis Nofro hi geheescht. Wéi a wéini dës Leit zeréck op Lëtzebuerg komme bleift fir de Moment weider onkloer.
All Luxair-Flich vun an op Dubai bis 7. Mäerz ausgesat
Vum Ausseministère huet et de Moie just geheescht, datt eng Koordinatioun mat aneren EU-Staate géif lafen. Den Ausseminister wier amgaange sech mat senge verschiddenen Homologen ze koordinéieren.
De Xavier Bettel géif hoffen, de Mëtteg an der Chamber scho méi Informatiounen dozou kënnen ze ginn.
Wéinst der Sécherheetslag am Noen Osten huet d’Luxair decidéiert, déi geplangte Flich vun an op Dubai bis e Samschdeg, de 7. Mäerz mat, auszesetzen. Dat deelt d’Fluchgesellschaft online mat. Et géif ee sech ëm déi betraffe Clienten op der Plaz këmmeren, heescht et.
Däitschland weist sech optimistesch
Frankräich an Däitschland hu matgedeelt, datt si sech drop preparéieren, Kanner, Kranker a Schwangerer aus der Konfliktregioun zeréckzehuelen.
Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul hat sech gëschter Owend am ZDF-Interview optimistesch gewisen, datt Leit scho geschwënn aus dem Noen Osten zeréck kéinte bruecht ginn.
"Ich bin guter Dinge, dass das nach und nach gelingt. Es kann auch sogar sein, dass in den Emiraten der Flughafen in den nächsten Tagen nochmal öffnet, dann würde das natürlich alles noch sehr viel schneller gehen. Wir koordinieren das auch mit Kollegen in Europa."
Een éischte Fliger vun der Airline Emirates ass an der Tëschenzäit ënnerwee vun Dubai op Frankfurt, huet d’Agence DPA de Moie gemellt. D’Maschinn gëtt am fréie Mëtteg an Däitschland erwaart. Och de Chef vum Rees-Konzern TUI, de Sebastian Edel. huet um ZDF matgedeelt, datt éischt Flich mat Partner-Fluchgesellschaften zeréck an Däitschland geplangt wieren.
"Das ist natürlich ein längerer Prozess, wenn du 5.000 Kunden auf Schiffen hast und ein Flugzeug 200 Plätze hat, dann dauert das. Aber im Augenblick sind Busse unterwegs von Abu Dhabi zum Flughafen in Dubai. Aus meiner Erinnerung sind das knapp zwei Stunden Fahrzeit und das wird komplett organisiert vor Ort."
Wéinst dem Krich géint den Iran haten déi Vereenegt Arabesch Emirater ee Samschdeg een deelweist Zoumaache vun hirem Loftraum ugekënnegt. All Flich vun Dubai aus waren ausgesat ginn.