Radioen

On air

Tockcity  |  Marie Davidson - Sexy Clown (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ausseministère: Keng Lëtzebuerger Diplomaten aus Russland ausgewisen

Dementi

Ausseministère: Keng Lëtzebuerger Diplomaten aus Russland ausgewisen

De Lëtzebuerger Ausseministère dementéiert eng Informatioun vun der NZZ am Sonntag iwwer russesch Ausweisunge vun Diplomaten.

auto_stories

1 min

Xavier Bettel | © 	MAE
Foto: MAE

Déi Schwäizer Zeitung hat gëschter geschriwwen, datt zënter dem Krich vu Russland géint d’Ukrain, Diplomaten aus ronn 30 Länner Moskau musse verloossen. Dobäi wieren och Diplomaten aus Staaten, déi net als geopolitesch Kontrahente vu Russland opgetruede sinn, dorënner souguer Lëtzebuerg, esou d’NZZ am Sonntag.

Dës Informatioun an der NZZ wier net korrekt, huet et haut op Nofro vum Radio 100,7 aus dem Lëtzebuerger Ausseministère geheescht. Kee lëtzebuergeschen Diplomat wier vu Russland ausgewise ginn, esou de Presse-Attaché vum Minister Xavier Bettel (DP).

Den deemolegen Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) hat am Abrëll 2022 annoncéiert, datt am Kader vun enger europäescher Demarche een Diplomat vun der russescher Ambassade zu Lëtzebuerg ausgewise gëtt.