Radioen

On air

  |  02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier

play_arrow Live
search

/ Schwéier Ausschreidunge bei Fussballmatch zu Amsterdam

Propalästinensesch Demonstranten an israeelesch Fans

Schwéier Ausschreidunge bei Fussballmatch zu Amsterdam

Zu Amsterdam goufen et gëschter Owend schwéier Ausschreidungen no engem Fussballsspill tëschent Ajax Amsterdam a Maccabi Tel Aviv. Gewalt tëschent palästinenseschen Demonstranten an israeelesche Fans.

auto_stories

1 min

60 Leit goufe festgeholl. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet doropshin decidéiert 2 Fligeren an Holland ze schécken, fir déi israeelesch Fans heem ze huelen. Den hollännesche Premier Dick Schoof huet vun inacceptabelen antisemitteschen Attacken op Israeelie geschwat.

Den israeelesche President Izchak Herzog huet sech schockéiert gewisen d‘Gewaltausbrëch géint israeelesch Staatsbierger zu Amsterdam gewisen. Et wier e reegelrechte Progrom gewiescht mat Biller, wéi ee se zënter dem 7. Oktober gehofft hat net méi ze gesinn.

Den neien israeeleschen Inneminister Gideon Saar huet da kuerzfristeg decidéiert, op Amsterdam ze fléien, hie wëll do mat sengem hollänneschen Homolog schwätzen.