De Grond vum Broch léich zwou Wochen zréck, wéi sech e Sträit entwéckelt hätt op Grond vun engem Bréif vum Ex-Direkter un de Landwirtschaftsministère, deen de President net gesinn hat, obwuel dat sou ofgemaach war:
"Zum Schluss hunn ech gesot, ok, mee ech kréien dee Bréif ze liesen. An dunn huet dann ee vun der Directioun, deen nach dobanne war, gesot, de Bréif ass fort. Du sot ech: De Bréif ass fort, majo, a wat maache mir dann elo hei? An do ass sech da sou échaufféiert ginn, datt de François Georges opgestanen ass, datt e mech, usech, agresséiert huet an datt déi Leit, déi nach do waren, déi véier Leit, usech och dotëscht gaange sinn.“
Fir dräi Deeg Sécherheetsfirma engagéiert
Ob hien elo physesch vum François Georges agresséiert gi wär, géif vun der Definitioun dovun ofhänken, sot den Norbert Conter.
D’Personal hätt no deem Virfall och Angscht gehat, sou datt fir dräi Deeg eng Sécherheetsfirma engagéiert gi wier, fir datt d’Leit konnte schaffen.
"Wéi eng Kapitalgesellschaft"
Et wier schwiereg gewiescht, mam François Georges zesummen ze schaffen, well een net komplett informéiert gi wär. Den Ex-Direkter hätt d’Alldagsgeschäft gemaach, woubäi de President gär iwwer alles informéiert gi wier.
De François Georges hätt déi Sozial Initiativ wéi eng Kapitalgesellschaft gesinn, beklot de Norbert Conter.
Analysen nach amgaang
Et wier een nach amgaangen, den Dossier François Georges ze analyséieren, fir ze kucken, ob et net nach aner Problemer gouf. Déi grave Situatioun wier d’Aggressioun vum 2. Februar gewiescht.
Allerdéngs géif een och kucken, zesumme mam Affekot vum François Georges, ob eng Léisung méiglech wier. Et hätt ee sech schliisslech mat Preavis vun him getrennt an net mat Effet immédiat, huet de President vu ProActif nach ënnerstrach.
Patrick Dury: Sou eppes nach ni erlieft
Den LCGB-President Patrick Dury, Member am ProActif-Verwaltungsrot, huet sengersäits erkläert, hie wier elo 30 Joer an der Gewerkschaft, hätt villes erlieft, sou eppes wéi dat doten awer ni gesinn. Et hätt och schonn Antecedente vum François Georges am LCGB ginn, mee de Mann hätt dunn eng zweet Chance kritt. Wann et him no gaange wier, sot de Patrick Dury, wier de Kontrakt deemools schonn opgeléist ginn.