Radioen

On air

Notturno  |  Aoife Nessa Frances - Emptiness Follows

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ännerunge beim nationalen Ticketservice Luxembourgticket

Groupement d'intérêts économiques

Ännerunge beim nationalen Ticketservice Luxembourgticket

D’Aktivitéite vun der Billetterie Luxembourgticket - déi bis den 1. Juli 2024 vun der Agence luxembourgeoise d’action culturelles ASBL geréiert goufen - ginn op Luxembourgticket GIE transferéiert. Dobäi handelt et sech ëm e Groupement d'intérêts économiques. Dat heescht, datt d’Zil vun elo u wier, Gewënn ze generéieren. Dat huet de Kulturminister Eric Thill haut um Mëttwochmëtteg virun der Press matgedeelt.

auto_stories

1 min

© Bigstock / Rawpixel.com
Foto: Bigstock / Rawpixel.com

De Profit soll elo beispillsweis duerch Kommissioune beim Ticketsverkaf gemaach ginn. D’GIE iwwerhëlt iwwerdeems net nëmmen de Site vun der ASBL, mee an Zukunft ginn de Site echo.lu, esou wéi, culture.lu och vu Luxembourg Ticket iwwerholl. Des Ännerung géing sech beim Endkonsument eréischt méi spéit bemierkbar maachen, erkläert den Direkt Fabien Madimba.

An enger nächster Phas soll sech de "Look and Feel" verbesseren, sou wéi och d‘Funktionalitéit. 

D’Billetterie Luxembourgticket war bis den 1. Juli 2024 vun der ASBL Agence luxembourgeoise d’action culturelle (ALAC) geréiert ginn, déi 1996 vum Staat gegrënnt gouf. Dat zesumme mat der Stad Lëtzebuerg. 

Ausso lauschterenplay_arrow