Radioen

On air

Notturno  |  Jimi Hendrix - The Wind Cries Mary

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aus Sécherheetsgrënn gouf et keen israeelesche Stand

Bazar International

Aus Sécherheetsgrënn gouf et keen israeelesche Stand

Israel hat dëst Joer kee Stand um Bazar international. Dat aus Sécherheetsgrënn, wéinst dem Krich an der Gazasträif, wéi de Responsaablen als Erklärung ginn hat.

auto_stories

1 min

© Bazar International de Luxembourg
(Foto: Bazar International de Luxembourg)

Hien hätt der Police e Bréif geschéckt, fir ze froen, ob d‘Police kéint Beamten an d‘Gebai schécken. Well si awer ni eng Äntwert kritt hätten, hätte si decidéiert, kee Stand ze maachen.

An der Äntwert op eng parlamentaresch Ufro vun de Piraten seet den Inneminister Léon Gloden, datt ni sou e Bréif ukomm wier, weder bei der Generaldirektioun vun der Police, nach an der Direktioun vun den Operatiounen, oder der Direktioun vun der Stad.

D‘Police wier awer iwwer Email mat den Organisateuren a Kontakt gewiescht. An am Kader vun der Visitt vum israeeleschen Ambassadeur hätt een den Organisateure vum israeelesche Stand geroden, fir zousätzlech zum erhéichten Dispositif vun der Police och selwer nach Sécherheetsmesuren ze huelen, sou nach de Minister.