Den Täter wier vum terroristesche Grupp Islamesche Staat inspiréiert gewiescht, sot de President Joe Biden.
An der Strooss, an där d'Attentat war, hätt et US-Medien no keng Barrikaden oder Pottoe ginn, fir d'Foussgänger ze schützen. Déi géifen den Ament ersat gi fir de Super Bowl ufanks Februar zu New Orleans.
Keen Zesummenhang mat Explosioun virun Trump Hotel zu Las Vegas
Weider gëtt et dem FBI no keen Zesummenhang tëschent dem Attentat vun New Orleans an der Explosioun vun engem Tesla Cybertruck virum Trump Hotel zu Las Vegas.
Fir déi Explosioun huet den FBI en aktiven US-Zaldot responsabel gemaach. Hien hätt sech am Auto mat enger Schosswaff suicidéiert, éier et zur Explosioun koum.
D'Explosioun wier duerch Bensinnskanisteren a Freedefeier ausgeléist ginn, déi am Gefier louchen, esou den FBI. Siwe Leit goufe liicht blesséiert.