Radioen

On air

Tockcity  |  Bertrand Burgalat, Monica Bellucci - Vue de Dos

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Attacken tëscht Israel Hamas an Hisbollah gi virun, Netanjahu schwätzt virun UNO Vollversammlung

Noen Osten

Attacken tëscht Israel Hamas an Hisbollah gi virun, Netanjahu schwätzt virun UNO Vollversammlung

De Palästinenserpresident Mahmud Abbas appelléiert virun der UNO Vollversammlung, keng Waffe méi un Israel ze liwweren. Déi ganz Welt wier responsabel fir dat, wat d‘Palästiner:innen an der Gazasträif an am Westjordanland missten erliewen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / photothek.de | Thomas Trutschel
Foto: picture alliance / photothek.de | Thomas Trutschel

D‘Verbrieche misste gestoppt ginn, esou den Abbas. Israel soll déi palästinensesch Territoire verloossen, esou den Abbas. D‘Palästinenser:inne géife jiddefalls bleiwen.

Iwwerdeems ginn déi géigesäiteg Attacken tëschent Israel an der Hamas virun. Dat obwuel Regierungsvertrieder:innen aus ville Länner virun enger nach gréisserer Eskalatioun vum Konflikt warnen.

Israel huet gëschter kloergestallt, datt si déi libaneesesch Hisbollah bis bei d‘Victoire wéilte bekämpfen, an huet den Osten a Süde vum Land weider massiv attackéiert. Am Libanon si gëschter dobäi bal 100 Leit ëm d‘Liewe komm, soen d‘Autoritéiten – och an der Gazasträif stierwe kontinuéierlech Mënschen. Israel trëtt mat aller Häert géint seng Géigner op. Mat Spannung gëtt haut d‘Ried vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu virun der UNO Vollversammlung erwaart.