Radioen

On air

9 bis 1  |  Stella - Adagio

play_arrow Live
search

/ Attack op US-Militärbase: Dräi Zaldote kommen ëm d'Liewen, 30 goufe blesséiert

Aktuelles aus dem Noen Osten

Attack op US-Militärbase: Dräi Zaldote kommen ëm d'Liewen, 30 goufe blesséiert

Dräi amerikanesch Zaldoten si bei enger Dronenattack op eng US-Militärbase un der Grenz tëscht Jordanien a Syrien ëm d‘Liewe komm. Iwwer 30 US Zaldote goufe blesséiert. Den US-President Joe Biden sot, pro-iranesch Milize wiere responsabel an d‘USA géifen op d‘Attack reagéieren.

auto_stories

1 min

Pro-iranesch Milizen am Irak soten, si hätten am Ganze véier US-Militärbasen ugegraff. Et ass déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif, datt USZaldoten an der Regioun ëm d‘Liewe koumen. Iran huet awer mëttlerweil dementéiert, eppes domat ze dinn ze hunn.

Waffepaus-Verhandlungen konstruktiv, awer ouni Resultat 

Am Noen Osten steet weider kéng imminent Waffepaus an der Gazasträif an Aussiicht. Weider Verhandlung gëschter zu Paräis zwar konstruktiv gewiescht, mee et géif nach ëmmer en déiwe Gruef tëscht béide Säite ginn, esou de Büro vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu no dëse Verhandlungen.

De Chef vum US-Geheimdéngscht CIA war mat Vertrieder aus Israel, Ägypten a Katar zesummen. Si solle sech dës Woch nach emol begéinen, heescht et. Zil vun de Verhandlungen ass et, een Accord ze fanne fir eng Waffepaus wärend der weider Geisele vun der Hamas kéinte fräigelooss ginn. D‘Hamas huet nach ëmmer eng 130 Geiselen an hirer Gewalt.

No der déidlecher Attack op amerikanesch Zaldoten a Jordanien huet den Iran dementéiert, eppes domat ze dinn ze hunn.