Pro-iranesch Milizen am Irak soten, si hätten am Ganze véier US-Militärbasen ugegraff. Et ass déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif, datt USZaldoten an der Regioun ëm d‘Liewe koumen. Iran huet awer mëttlerweil dementéiert, eppes domat ze dinn ze hunn.
Waffepaus-Verhandlungen konstruktiv, awer ouni Resultat
Am Noen Osten steet weider kéng imminent Waffepaus an der Gazasträif an Aussiicht. Weider Verhandlung gëschter zu Paräis zwar konstruktiv gewiescht, mee et géif nach ëmmer en déiwe Gruef tëscht béide Säite ginn, esou de Büro vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu no dëse Verhandlungen.
De Chef vum US-Geheimdéngscht CIA war mat Vertrieder aus Israel, Ägypten a Katar zesummen. Si solle sech dës Woch nach emol begéinen, heescht et. Zil vun de Verhandlungen ass et, een Accord ze fanne fir eng Waffepaus wärend der weider Geisele vun der Hamas kéinte fräigelooss ginn. D‘Hamas huet nach ëmmer eng 130 Geiselen an hirer Gewalt.
No der déidlecher Attack op amerikanesch Zaldoten a Jordanien huet den Iran dementéiert, eppes domat ze dinn ze hunn.