Radioen

On air

Thé Dansant  |  New Order - Temptation

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Attack op Klinik zu Gaza City

Noen Osten

Attack op Klinik zu Gaza City

An der Stad Gaza ass eng Klinik bei enger israeelescher Loftattack getraff ginn, dat sot de palästinenseschen Zivilschutz, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt. Et gëtt nach kéng offiziell Informatiounen iwwert eventuell Affer. Déi israeelesch Arméi sot der Noriichtenagence AFP, si géif de Virfall ënnersichen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Op Videoen um Internet gesäit ee Flamen an Damp am Spidol Al Ahli zu Gaza-City a Leit déi fort lafen. E lokale palästinensesche Journalist sot, déi israeelesch Arméi hätt mat engem Dokter telefonéiert a gesot, all d‘Patiente missten evakuéiert ginn, well et geschwënn eng Attack géif ginn.

Déi israeelesch Arméi huet hir Asätz an der Gazasträif weider ausgebreet. Et wéilt een d‘Sécherheetszone vergréisseren a weider Infrastrukture vun der Hamas zerstéieren, sou en israeelesche Militärspriecher. 

Och déi ganz Stad Rafah, am Süden, wier elo an enger israeelescher Sécherheetszone, esou den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz. 

Iwwerdeems soll an der ägyptescher Haaptstad Kairo weider iwwert eng Fräiloossung vun den israeelesche Geiselen an eng eventuell nei Wafferou verhandelt ginn. Eng Delegatioun vun der Hamas ass gëschter dohi gereest.