Radioen

On air

Moiesstudio  |  Elvis Costello & The Attractions - Oliver's Army

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA seet Israel Support zou no Drounge vum Iran

Noen Osten

USA seet Israel Support zou no Drounge vum Iran

Bei enger israeelescher Loftattack op d‘Gazasträif si Familljemembere vum Auslandschef vun der Hamas ëmbruecht ginn. No Drounge vum Iran hunn d‘USA iwwerdeems hire Support fir Israel annoncéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP

Dem Ismail Haniye seng dräi Jongen a véier Enkelkanner wieren an engem Gefier am Flüchtlingslager Al-Schati am Norde vun der Gazasträif ënnerwee gewiescht. Den Haniye huet wéineg Emotioun gewisen, wei hien déi Nouvelle krut. Hie géif Gott Merci soe fir d‘Éier, datt seng Familljemembere fir e Märtyrerdoud erausgewielt goufen, esou seng Ausso.

Zouso fir Support no Drounge vum Iran

No Drounge vum Iran hunn d‘USA hire Support fir d‘Sécherheet vun Israel annoncéiert. Den iranesche Staatschef hat Revanche ugekënnegt, no enger Attack op déi iranesch Ambassade a Syrien.

Hëllefsgidder ginn net duer

Gläichzäiteg huet den Joe Biden en Appell un den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu gemaach, fir nach méi Hëllefsgidder an d‘Gazasträif eranzeloossen.