Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Associatioune maache Recours beim Verwaltungsriichter

Asylreform

Associatioune maache Recours beim Verwaltungsriichter

Eng Partie Associatioune maache Recours bei de Verwaltungsgeriichter, fir géint d‘Legalitéit vun der neier Virgoensweis ze kloen, déi zanter dem 1. November par rapport zu Männer gëllt, déi eleng hei hi kommen, an international Protektioun ufroen. 

auto_stories

1 min

Si kréie jo net méi automatesch Asyl accordéiert. Amnesty International, Medecins du Monde, d‘Passerell a Ryse fannen di Praxis net toleréierbar, all Persoun, déi bei eis déi international Protektioun ufreet misst d‘selwecht behandelt ginn, egal wat hiren Alter, hiert Geschlecht oder hir Nationalitéit wier.

Et géif keng Justifikatioun fir déi aktuell Diskriminatioun ginn, schreiwen d‘Associatiounen de Moien a engem Communiqué. Si lancéieren eng Petitioun, mat där si d‘Autoritéite froen, mat dëser "inhumaner an illegaler Praxis opzehalen".