Radioen

On air

9 bis 1  |  In The Atlas - Superficial Words

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ass d'Diskussioun iwwer ee Militärspidol zu Lëtzebuerg nees lancéiert?

Chamber-Gesondheetskommissioun

Ass d'Diskussioun iwwer ee Militärspidol zu Lëtzebuerg nees lancéiert?

D’Diskussioun iwwer ee Militärspidol wier lancéiert, esou den DP-Deputéierte Gusty Graas no der Sitzung vun der Chamber-Gesondheetskommissioun um Mëttwochmoien. Deemno wéi kéint een esou ee Spidol och als Verdeedegungsausgaben bei der NATO uginn. Genau gewosst ass dat awer net.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Schonn 2015 war vun engem Militärspidol hei am Land rieds gaangen, dat och fir Ziviliste soll kënne genotzt ginn. Déi aktuell CSV-DP-Regierung envisagéiert nach ëmmer esou ee Spidol, mat Synergie mam ziville Gesondheetssecteur an eventuell mat der Uni Lëtzebuerg, steet am Regierungsprogramm.

Déi néideg Demande muss do sinn

Ee Militärspidol wier eng gutt Alternativ zur Oprëschtung, seet de Mars Di Bartolomeo. Den Oppositiounsdeputéierte stellt awer och fest, datt:

"Et gëtt zum Beispill envisagéiert, fir net eng zentraliséiert Struktur ze maachen, mee esou eng Structure éclatée, wou ee sech awer d’Fro muss stellen, ob dat esou akzeptéiert géif ginn als Bäitrag zur Verdeedegungspolitik vu Lëtzebuerg, wann et eigentlech een Ausbau vun deene verschiddene Spideeler wier."

Am Virfeld misst also gekläert ginn, ob d’NATO bereet wier, d’Pläng fir d’Militärspidol als Bäitrag zu de Verdeedegungsausgaben ze akzeptéieren, seet den DP-Deputéierte Gusty Graas. Eng aner Viraussetzung wier, datt déi néideg Demande do wier.

"Ech kéint mir awer virstellen, wa mir géingen eng Kéier esou eng Struktur hei zu Lëtzebuerg schafen, datt dat natierlech awer och géing genotzt gi fir Patienten, net nëmmen hei vu Lëtzebuerg, mee déi aus Krisegebitter misste villäicht kuerzfristeg heihinner transportéiert ginn, fir datt hei kënnen déi néideg Operatiounen duerch gefouert ginn."

Mars Di Bartolomeo: d'Gesondheetsministesch muss sech "rëmploen"

Fir d’Prioritéiten aus dem Regierungsprogramm an de Beräicher Sécurité Sociale a Gesondheet ze presentéieren, ware véier Sitzunge bannent de leschte fënnef Wochen néideg. Dem Mars Di Bartolomeo no kéint een deemno zum Schluss kommen, datt de Programm vun CSV an DP net prezis wier.

D’Ministerin Martine Deprez misst sech mat engem Regierungsprogramm “rëmploen”, deen alles anescht wéi kloer wier, esou d’Kritik vum LSAP-Deputéierten.

Lauschterenplay_arrow