arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aserbaidschan mécht Militäroperatioun an der Regioun Berg-Karabach

Kaukasus

Aserbaidschan mécht Militäroperatioun an der Regioun Berg-Karabach

Am Südkaukasus deit sech een neie Krich tëscht den zwou fréiere Sowjetrepublicken Armenien an Aserbaidschan un. Déi aserbaidschanesch Arméi huet de Moien eng Militäroperatioun an der Konfliktregioun lancéiert fir Berg-Karabach zeréckzeeueweren.

auto_stories

1 min

Berg Karabach | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Tëscht Armenien an dem Aserbaidschan riskéiert et zu engem neien arméierte Konflikt ze kommen. Aserbaidschanesch Truppe sollen deemno op armeneschen Territoire avancéiert sinn.

Dem armenesche Regierungschef no hätt den Aserbaidschan eng Militäroperatioun lancéiert a wéilt Armenien mat eran zéien. Et wiere schonn Doudesaffer ze bekloen.

U Russland an d‘UNO war et den Appell, diplomatesch ze intervenéieren. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken huet ugekënnegt, all betraffe Säiten ze kontaktéieren, dorënner och d‘USA. Russland hat haut nach en Appell un den Aserbaidschan an un Armenien lancéiert fir e Konflikt am Berg Karabach ze verhënneren. Eng friddlech Léisung wier elo gefrot, heescht et.

An der Enklav sinn d‘Spannungen an de leschten Deeg nees gewuess. 2020 an 2022 goufe Friddensaccorden ënnerschriwwe fir de jorelaange Konflikt op en Enn ze bréngen.