Hannergrond ass eng Reunioun iwwer de virleefegen Accord zu den Aarbechts- a Rouzäite bei der Arméi. De SPAL hätt decidéiert, déi Reunioun ofzesoen.
Kritik un der Ministesch
Als Grond nennt d'Gewerkschaft, datt d'Ministesch Yuriko Backes matgedeelt hätt, si géif net un deem Treffen deelhuelen.
Ausserdeem géif de SPAL nach ëmmer op Informatioune waarden, déi d'Gewerkschaft schonn am Februar ugefrot hätt, fir sech op d'Gespréich virzebereeden.
Nei Reunioun gefuerdert
D'Gewerkschaft fuerdert elo eng nei Reunioun, un där d'Verteidegungsministerin perséinlech deelhëlt.
Virdru missten awer déi ugefroten Informatiounen un de SPAL geschéckt ginn.