Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - Impossible Germany

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritt Argentinien een ultraliberale Populist als President?

Walen an Argentinien

Kritt Argentinien een ultraliberale Populist als President?

D'Walen si matzen an enger schwéierer Wirtschaftskris. Dobäi gëllt den ultraliberale Populist Javier Milei als Favorit. Hien wëll den amerikaneschen Dollar als gesetzlech Wärung aféieren, d‘Zentralbank a vill Ministère sollen ofgeschaaft, an d‘Sozialdepensë gekierzt ginn.

auto_stories

1 min

Hien versprécht einfach Léisunge fir komplex Problemer, a kënnt gutt domat un. Hie wëll dobäi d'Waffegesetz liberaliséieren, gleeft net drun, datt de Klimawandel vu Mënsche gemaach ass, an nennt den argentinesche Poopst François ee Kommunist. Hien huet eng änlech Rhetorik ewéi den Donald Trump oder de Jair Bolsonaro, verzicht allerdéngs op rietsradikal Parollen.

Argentinien huet den Ament eng Inflatioun vun 138 Prozent, ronn 40 Prozent vun de Leit liewen ënnert der Aarmutsgrenz.

Sollt kee vun de Kandidaten haut op mannst 45 Prozent vun de Stëmme kréien, oder 40 Prozent mat enger Ofstand vun op d'mannst 10 Prozentpunkten op den Zweetplacéierten, dann ass den 19. November en zweeten Tour.