De Schumannseck: Dat ass eng Plaz, déi ville Leit e Begrëff ass, well een heiansdo do laanscht fiert, wann ee ronderëm de Stau ënnerwee ass. Et ass awer och eng vun deene Plazen am Land, déi virun 80 Joer an der Ardennenoffensiv vum Zweete Weltkrich mat am häertsten ëmkämpft waren.
Dofir gëtt um Méindegmoien, dem 16. Dezember, op där Plaz och nach eng Kéier un den Ufank vun der Offensiv erënnert. Dat a Presenz vum Ierfgroussherzog Guillaume. Et ass eng vun enger ganzer Rei vu Gedenkfeieren, mat deenen dëser Deeg un d'Ardennenoffensiv erënnert gëtt, déi d'Zivilpopulatioun hei am Land virun 80 Joer besonnesch haart getraff huet.
Fir datt d'Ardennenoffensiv net a Vergiessenheet geréit, a fir datt sech och net just op de ronnen Anniversairen drun erënnert gëtt, setzt de CEBA (Cercle d'Etudes sur la Bataille des Ardennes) sech an. Si bedreiwen ënner anerem de Musée iwwert de "Battle of the Bulge" zu Klierf.
Kal Gedenksteng an interaktiv QR-Coden
Am 100,7-Interview betount hire President, den Erny Kohn, datt et wichteg ass, sech un dësen Deel vun der Geschicht ze erënneren. Och 80 Joer duerno nach. Et soll der Zivilbevëlkerung geduecht ginn, déi dem Krich zum Affer gefall sinn, an awer och den amerikaneschen Zaldoten, déi fir d'Fräiheet vu Lëtzebuerg gekämpft hunn.
D'Erënnerungsaarbecht geet schonn iwwer 50 Joer zeréck, wéi den Erny Kohn erkläert.
"Et ginn eng ganz Panoplie vu Méiglechkeeten. An de 70er, 80er Joren ass ugefaange ginn, Gedenksteng opzeriichten op ville Plazen am Éislek, mee och am Oste vun eisem Land, deen och vun der Ardennenoffensiv betraff war."
Am Laf vun de Jore fänkt esou ee Gedenksteen un, e "kale Steen ze ginn". "Dat heescht, d'Erënnerung verblatzt", erkläert de President vum CEBA. An dofir wier et wichteg, déi Gedenksteng och ëmmer erëm nees an Evidenz ze setzen.
"Dat kann ee maache mat Zeremonien. Datt een zum Beispill op deene Gedenkdeeg, déi mir hunn."
Mee dat muss awer net just op deenen Deeg sinn, betount den Erny Kohn. Vill Gemenge wiere mat op de Wee gaang, zesumme mam Cercle d'Etude sur la Bataille des Ardennes, an zesumme mat aner Associatiounen, Pannoe bei déi Gedenksteng opzeriichten. Op deene Pannoe kann een d'Geschicht vun där spezifescher Plaz noliesen: Wat huet sech hei zougedroen? Wat ass hei passéiert? Dat Ganzt op dräi verschidde Sproochen: Däitsch, Franséisch an Englesch. D'Pannoe wieren ee gudden Outil, fir intresséierte Leit deen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht méi no ze bréngen.
"E Pannoe kann op deenen zwou Säite illustréiert ginn. Et kann een Dokumenter drop setzen. Et kann ee Fotoen drop setzen. An dann all déi zousätzlech Informatiounen, déi een nach ka kréien, déi kënnen d'Leit sech iwwert de QR-Code, deen drop ass, mathuelen."
Wéi erreecht een de jonke Public?
Gedenksteng a Panneau bleiwen natierlech trotzdeem relativ traditionell Moyenen, fir déi Erënnerung eriwwerzebréngen. Wéi erreecht een awer d'Leit doriwwer eraus? Och déi jonk Generatiounen, déi vläicht guer net méi wëssen, wat deemools geschitt ass.
Et wier kloer, datt een déi sozial Reseauen net dierft ausser Uecht loossen, esou de President vum CEBA.
"Also wa mir vu jonke Leit schwätzen, da musse mir och op déi Plaze goen, wou déi jonk Leit sinn. An dat sinn eeben Applikatioune wéi Instagram oder TikTok. Et kann een och iwwert eng Website Leit informéieren. Alles dat musse mir maachen."
Beim CEBA géing een elo op Podcaste setzen. Mee och ausserhalb vum Digitale géing een nei Weeër aschloen. Sou gouf d'lescht Joer zu Léiler am Kanton Klierf een neien Dokumentatiounszenter ageweit. Dat wier eng gutt Plaz, fir mat Jonker a Kontakt ze kommen, mengt den Erny Kohn.
"Wou mir vläicht och déi Jonk wëllen invitéieren, mat hinnen an d'Gespréich kommen, hinne weisen, wéi mir schaffen an och hinne soen. Do ass nach vill Loft no uewen."
Fir och Schüler:innen a Studenten a Studentinnen ze erreechen, misst natierlech och d'Schoul hir Roll spillen, fir déi Zäit vun deemools weider an Evidenz ze setzen. Senger Meenung no kéint dat och scho vill éischter geschéien.
"Also mir denken do un de Cycle 4 eventuell. An dat soll dann och vun de Pedagoge gemaach ginn. Déi kënnen natierlech bei eis kommen, si kënnen op Dikrech an de Musée goen, wou och e groussen Dokumentatiounszenter ass, a sech do berode loossen a sech do hiert Material gi loossen, fir kënnen op déi Zäiten hinzeweisen."
Zäitzeien, déi 100 Joer al sinn
Eng Schwieregkeet ass de Fakt, datt et ëmmer manner Zäitzeie ginn, déi wierklech nach aus eegener Erënnerung kënnen erzielen, wat si deemools erlieft hunn. Genau dofir géing ee beim CEBA probéieren, nach esou gutt et geet vun den Zäitzeien ze profitéieren, fir Temoignagen ze sammelen.
"Da ginn et och erëm verschidde Forme vun Temoignagen, déi ee ka sécheren. Ech ka mat de Leit virun enger Kamera schwätzen. Ech kann och just hir Stëmm ophuelen oder ech huele mir Notizen an ech publizéieren, respektiv stockéieren dat an eisem Archiv, fir déi Saachen dann herno public kënnen ze maache. Och fir eis ass et einfach eng enorm Informatiounsquell."
Viru 50 Joer, sou laang gëtt et de Cercle d'études sur la bataille des Ardennes schonn, war dës Dokumentatiounsaarbecht nach méi einfach, gëtt den Erny Kohn ze bedenken. Sou gouf et zur Zäit vun der Ardennenoffensiv eng männlech Duerfpopulatioun, déi tëschent 30 a 40 Joer al war, an déi zeréckbliwwe sinn, fir d'Véi ze fidderen. An de 70er an 80er Jore waren dat enorm wichteg Informatiounsquellen.
"Wann Dir haut een Zäitzeien hutt, ech huelen een amerikanesche Veteran, deen an der Offensiv gekämpft huet, deen huet haut ganz gär 98, 99, 100 Joer a méi. Also et ass jo evident, datt mir där net méi vill hunn."
Dës Tatsaach ännert awer näischt drun, datt ee sech beim CEBA weiderhi fir d'Erënnerung un d'Ardennenoffensiv asetzt. An dat och net just op de ronnen Anniversairen.
Liest dozou och eisen Interview mam Zäitzeie Roger Serres, an Archivmaterial aus dem 100,7-Archiv zum Theema Ardennenoffensiv.