Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Als Reporter an d'Tsunami-Regioun

Tsunami 2004

Als Reporter an d'Tsunami-Regioun

De Reporterasaz nom Tsunami 2004 war ee vun de schwéierste fir de Jeannot Ries. De Journalistekolleeg vun RTL war virun 20 Joer op der Plaz. D'Biller komme séier nees erop, erzielt hien. Villes géif een herno anescht gesinn.

auto_stories

2 min

headphones

10 min

© picture alliance / dpa | STR play_arrow
Foto: picture alliance / dpa | STR

"Et war bal wéi op engem Maart.", esou beschreift de Jeannot Ries d'Biller vum Krisenzentrum zu Phuket an Thailand, eng Woch nom Tsunami. D'Leit hu sech géigesäiteg gehollef, et gouf Iessen ausgedeelt an alles an allem war vill lass. An der Gemeng zu Phuket houngen d'Biller vun de Leit, déi vermësst goufen. 

Enorm Zerstéierung

Zu Phuket war scho vill opgeraumt. Anescht war dat op Banda Aceh op der indoneesescher Insel Sumatra. Dat war eng vun deene Stied, déi ganz no um Epizentrum louch, erzielt de Jeannot Ries. 

"An do hu mer d'Fligerdier opgemaach, an do wousste mer, wat lass wier. Do huet et no Läiche geroch. Do louchen dee Moment, dat waren da siwen, aacht Deeg duerno, nach d'Läichen an de Stroossen."

Déi wieren op Camione geluecht ginn an an d'Massegriewer geféiert ginn. D'Zerstéierung war enorm, seet de Jeannot Ries. 

"Du weess wat s de amgaang bass ze erliewen"

Wärenddeem wier een an enger Bull, beschreift de Journalist. Et wier engem bewosst, wat een amgaange wier ze erliewen. Markant wier fir hie virun allem d'Verschaffen, duerno, wann een zur Rou kënnt. 

Hien hätt et awer relativ séier verschafft. Et géif ee villes anescht gesinn. Notamment d'Aarbecht vun de Fräiwëllegen.

Lauschterenplay_arrow