Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Oscar Peterson Trio, Sonny Stitt - Au Privave

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ArcelorMittal fält op der Bourse zu Paräis no weiderem Accident an enger Minn

Wirtschaft

ArcelorMittal fält op der Bourse zu Paräis no weiderem Accident an enger Minn

ArcelorMittal ass de Moien op der Bourse zu Paräis staark gefall. Dat no engem weideren Accident an enger vun de Minne vun der ArcelorMittal-Filial am Kasachstan.

auto_stories

1 min

Arcelor Mittal | © Bigstock / ricochet64
Arcelor Mittal (Foto: Bigstock / ricochet64)

45 Minnenaarbechter si bei deem Accident ëm d‘Liewe komm. Dat ass dat schlëmmst Accident an an der Geschicht vun deem zentralasiatesche Land.

ArcelorMittal huet aacht Minnen am Kasachstan, wou sechs Prozent vun der ganzer Stol-Produktioun vum Grupp produzéiert ginn.