Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Apple-Matgrënner Steve Wozniak krut een Hiereschlag

Mexiko

Apple-Matgrënner Steve Wozniak krut een Hiereschlag

De Matgrënner vun Apple, Steve Wozniak, gouf a Mexiko hospitaliséiert. Dat no engem Hiereschlag, melle mexikanesch an US-amerikanesch Medien.

auto_stories

1 min

© Gage Skidmore / Flickr
Foto: Flickr / Gage Skidmore

Den 73 Joer alen Entrepreneur sollt u sech bei engem internationale Wirtschaftsforum een Discours halen, mee wier kuerz virdru schwaach gefall. Iwwer säin aktuelle Gesondheetszoustand ass näischt gewosst.

De Steve Wozniak hat Apple Computer Inc. 1976 zesumme mam Steve Jobs gegrënnt, dee schonn 2011 gestuerwen ass.