Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Dana Gavanski - Let Them Row

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Appel d‘offres fir de Schouluebstprogramm gouf lancéiert

Landwirtschaftsministère

Appel d‘offres fir de Schouluebstprogramm gouf lancéiert

De Landwirtschaftsministère huet haut nees säin Appel d‘offres lancéiert fir de Schouluebstprogramm vum nächste Schouljoer. Gesicht ginn am Ganzen 150 Tonne lokaalt Uebst a Geméis, haaptsächlech Äppel, Bieren a Muerten.

auto_stories

1 min

© Bigstock / Inga Nielsen

98 Prozent vun de Schüler aus der Grondschoul an de Lycéeë profitéiere vum Schouluebstprogramm, heescht et an der Matdeelung vum Ministère. Verdeelt gi 5 Lousen u lokal Produzenten. Kleng Uebst- a Geméisbauere kënne sech och fir ee Lous zesummendinn.

Zwee weider Louse si fir d‘Distributeure virgesinn, fir 402 Schoulen ze beliwweren a fir de Rescht vum Uebst a Geméis bäizesteieren, dat néideg ass fir de Programm. Dat entsprécht weideren 250 Tonnen.

Intresséiert Geméis- an Uebstbaueren hu bis den 20. September Zäit, fir sech ze mellen.