Um Dësch leien eng Hellewull u Bréiwer. Këschteweis komme se eran. Well et fir de Kleeschen onméiglech ass, déi all selwer ze beäntweren, kritt hie vum Sekretariat vill gehollef.
De Kleeschen empfänkt Bréiwer, keng E-Mailen
Bannent deene leschten dräi Joer huet sech d’Zuel vun de Bréiwer, déi d’Kanner un de Kleeschen an un den Houseker schécken, nämlech verdräifacht, erkläert d’Isabelle Faber, d'Direktesch vum Sekretariat vum Kleeschen.
"Effektiv hu mir 2022 erëm ugefaangen, d'Promotioun ze maache fir déi Aktioun, well et sinn awer ganz vill Kanner, déi sech gefrot hunn, elo mat de Computeren, muss ech elo dem Kleeschen en E-Mail schreiwen oder muss ech em e Bréif schreiwen? An do hu mir da kommunizéiert, datt ee soll e Bréif schreiwen, dat ass och méi flott, da kann ee molen a pechen an esou virun.
Zënter 2022 hätt ee bal 300 Prozent méi Bréiwer kritt wéi soss. Am Ganze wieren et der ronn 5.600.
"Mir mengen awer, wann ech dat kucken, wann dat esou virugeet, datt mir dëst Joer tëschent 8.500 an 9.500 Bréiwer kréien."
Och dëst Joer huet d’Sekretariat vum Kleesche kënnen op d’Amicale zielen, déi nawell vill Fräiwëlleger rekrutéiert hat. Si heeschen Elisabeth, Magali, Carmen, Mike, Pascal, Fabien, Peggy an Angelo. Si hunn d’Hänn voll ze dinn.
D'Bréiwer an d’Enveloppen opmaachen, liesen a kucken, wat d’Kanner sech da wënschen.
Ee grousse Wonsch vun de Kanner: Fridden
An et ginn der méi wéi jee, déi sech de Fridde wënschen.
"Yvo, qui nous écrit "Bonjour, les vœux pour 2026 et la paix dans le monde. Aidez les enfants, beaucoup de cadeaux et bien à l'école avec des bonnes notes. Voilà, joyeux Noël."
Vill Kanner aus Krichsgebidder, wéi der Ukrain, géife sech wënschen, datt de Krich eriwwer wier.
"Da kënne si heemgoen. Eent hat geschriwwen, datt et sech wënscht, datt all seng Famill an der Ukrain gesond ass. Dat anert huet geschriwwen, datt et am Fong geholl net vill sech wënscht vu Kaddoen, mee eeben, datt et kann heemgoen. Dat ass immens emotional."
Mee och aner Situatioune sinn touchant, d’Kanner froe fir sech ee Kaddo, mee och fir anerer.
"Voilà, meng kleng Schwëster kann net schreiwen, bréng em dat an dat, a mir dat an dat, a wann s de nach e bësse Suen hues, kanns de menger Mamma en neie Brëll bréngen, well hiren ass futti a si ka sech kee leeschten. Dat sinn natierlech Saachen, wou een dann e bëssen d’Héngerhaut kritt. Mir haten och ee Fall, wou e klengt Kand gefrot hat, d'Déieren an d'Mënsche sollen net an den Himmel kommen. Mee et ass awer schéin, datt et och vun de Kanner, net nëmme vun Erwuessene gëtt."
Fir sécher ze sinn, datt et mat de Kaddoe klappt, verspriechen d’Kanner natierlech och brav ze sinn, an dat war och de Fall fir d’Sarah.
"D'Sarah, dat eis geschriwwen huet, et géing dem Kleesche Merci soen. Et hat em d'lescht Joer versprach, et géing dëst Joer méi iessen. Et hat sech och dru gehalen. An da freet et de Kleeschen awer och, ob e sengem klenge Brudder kann hëllefen. Dat wier de klengen Aru, well dee wier krank an e géing vill kräischen. An et géing sech och wënschen, datt all déi aner Kanner, déi oft traureg sinn, datt en déi als Éischt besiche geet."
Ganz simpel, oder och méi speziell Wënsch
Vill Kanner wéissten direkt, wat si gären hätte vum Kleeschen.
"Ee klengt Haischen, ee giele Camion, een Hamster, een Hond, an deen heiten, deen hat ee ganz spezielle Wonsch. Dat war e klenge Jong, deen eis geschriwwen huet. Bon, hie war ganz éierlech, hien hat sech net ëmmer geschéckt, mee trotzdeem géif hie sech dann elo beméien an hie géif sech wënschen eng elektresch Zännbiischt ze kréien, hien hat nämlech gefollegt an hien hat sech dat ganzt Joer Zänn gewäsch."
All Joers hätt een och Bréiwer dobäi, bei deenen d'Kanner hir Suckel matschécken.
"An da soe si 'Kleeschen, ech schécken der hei meng Suckel, mee en contrepartie kann ech awer e schéine Kaddo dofir kréien" oder "ech schécken der meng Suckel, ech brauch se net méi'. A jo, wann een Elteren ass an et weess een, wéi komplizéiert dat ass, fir datt d'Kanner ophale mat der Suckel, da fannen ech dat och e ganz schéine Gest vun de Kanner."
Och géife mol Kichelcher matgeschéckt ginn. Datt duerno just nach Grimmelen an der Enveloppe léien, wier net schlëmm. Et wier de Gest, deen zielt.