Eng Partie Leit si bis bei d‘Fligeren op der Landepist komm. Si hätten no Passagéier gesicht, déi aus Tel Aviv ukoumen, esou d‘Noriichtenagence AFP. Eng 20 Leit wiere blesséiert ginn.
D‘Majoritéit vun der Populatioun am Dagestan ass moslemesch. Washington huet den Tëschefall um Flughafen als antisemittesch Manifestatioun verurteelt. Den israeeleschen Ausseministère huet Moskau opgefuerdert, Israeelien a Judden a Russland ze schützen.