Radioen

On air

Notturno  |  Maz Univerze - Eyeliner

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Annexioun vun Essequibo: venezuelanesche President mengt et eescht

Südamerika

Annexioun vun Essequibo: venezuelanesche President mengt et eescht

De President vu Venezuela wëll d‘Regioun Essequibo am Nopeschland Guyana als Deel vu Venezuela deklaréieren, fir déi grouss Pëtrol- a Gas-Reserven an deem Gebitt kënnen ze exploitéieren. Dat sot de Nicolas Maduro gëschter Owend no engem Regierungsconseil zu Caracas.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Jesus Vargas
De President Nicolas Manduro. (Foto: picture alliance/dpa | Jesus Vargas)

De President huet säi staatleche Pëtrolskonzern PDVSA ugestallt, esou séier wéi méiglech Pëtrol- a Gas Lizenzen auszestellen.

D‘leschte Sonndeg hat eng Majoritéit vu Wielerinnen a Wieler a Venezuela an engem Referendum fir d‘Annexioun vun der Regioun Essequibo gestëmmt. Dës Regioun mécht zwee Drëttel vu Guyana aus. De President vu Guyana sot, de Referendum an Deklaratioune vum venezuelanesche President wieren eng direkt existenziell Menace fir säi Land.