Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An Däitschland klëmmt de Chômage weider

Chômagetaux vu 6,4 Prozent

An Däitschland klëmmt de Chômage weider

D‘Zuel vun de Mënschen, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, ass am Januar op 2,805 Millioune geklomm. Dat wieren der 169.000 méi wéi am Dezember a bal 190.000 méi wéi d‘lescht Joer.

auto_stories

1 min

Agentur für Arbiet | © picture alliance/dpa/Revierfoto
Agentur für Arbeit (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto)

Et wier fir de Mount Januar net ongewéinlech, datt de Chômage klëmmt, sou déi däitsch Aarbechtsagence, mee d‘Entwécklung géif awer de rezenten Trend confirméieren: datt et ëmmer méi schwéier gëtt, een Job ze fannen. De Chômagetaux an Däitschland ass domat am Januar vu 6 op 6,4 Prozent geklomm.