Radioen

On air

Notturno  |  Brendan Eder Ensemble - QX 2021

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Klinicken an der Gazasträif mussen zoumaachen

Update zum No-Ost-Konflikt

Klinicken an der Gazasträif mussen zoumaachen

Israel fuerdert de Récktrëtt vum UNO Generalsekretär wéinst Aussoe gëschter am UNO Weltsécherheetsrot. Iwwerdeems sinn an der Gazasträif bis elo 2.360 Kanner ëm d'Liewe komm. D'UNO an d'WHO fuerderen, datt och Sprit soll eragelooss ginn, fir d'Humanitär Hëllef kënne virun ze féieren.

auto_stories

2 min

© Bigstock / xbrchx
(Foto: Bigstock / xbrchx)

Den Antonio Guterres hat am UNO Weltsécherheetsrot der Hamas hirer Attack de 7. Oktober an Israel verurteelt, mee hie sot och, déi Attack wier „net an engem Vakuum“ geschitt. Déi Ausso wier inakzeptabel, an den UNO Chef misst zrécktrieden, esou den israeeleschen UNO Ambassadeur.

Bei den israeelesche Bombardementer op d‘Gazasträif wiere bis elo 2.360 Kanner ëm d‘Liewe komm, behaapt d‘Kannerhëllefswierk vun der UNO. Gëschter wieren an der Gazasträif 700 Palestinenser:innen ëm d‘Liewe komm, dat wier bis elo déi héchst Zuel vun Doudesaffer an engem Dag. D‘UNO berifft sech op Zuele vun der Hamas, déi net onofhängeg kënnen iwwerpréift ginn.

E weideren Hëllefskonvoi mat aacht Camionen ass an der Gazasträif ukomm fir Waasser, Liewensmëttel a Medikamenter ze bréngen. D‘UNO Hëllefswierk an d'WHO fuerderen, datt och nees Sprit misst eragelooss ginn. Soss kéint d‘Organisatioun hir humanitär Hëllef vun den Owend un net méi weider féieren. Elo scho misste Klinicken zoumaache well se kee Bensinn méi hu fir d‘Nout-Aggregater. Dofir géifen Dausende Kriibspatienten, awer och Dialysepatienten, ze fréi gebuere Puppelcher a Chirurgie-Patiente riskéieren, net méi kënne gefleegt ze ginn. 

Déi israeelesch Arméi huet mat gedeelt, datt Terroriste vun der Hamas nees probéiert hätten, aus der Gazasträif an Israel ze komme fir nei Attacken ze lancéieren. Israel hätt dat awer duerch Loft-Bombardementer op en Tunnel kënne verhënneren.