search

/ An der Diddelenger Wëlldéierestatioun kann ee sech nees a Rou ëm d'Patiente këmmeren

Déieren

|
reading time

5 min

An der Diddelenger Wëlldéierestatioun kann ee sech nees a Rou ëm d'Patiente këmmeren

D’Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng ass zënter knapp engem Mount nees am normale Betrib. Virdrun hu si iwwer 2 Wochen hir Diere missten zoumaache, well si sou vill Déieren ze fleegen haten, dass si net méi nokomm sinn.

reading time

5 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Ronn 300 Wëlldéiere ginn den Ament zu Diddeleng versuergt. Knapp dräi Véierel dovu si Villercher. D’Fleegepersonal huet aktuell gutt Zäit fir sech ëm déi verschidde Patienten ze këmmeren, se ze fidderen a prett ze maache fir se rëm an d’Fräiheet ze entloossen, wa si nees opgepäppelt sinn. Am Juni hätt dat nach ganz anescht ausgesinn, erkläert den Direkter vun der Fleegestatioun fir Wëlldéieren, Georg Xander.

"Wir hatten mindestens zwei Drittel mehr wie sonst. Sonst dümpeln wir so, wenn ich die Mauersegler rauspicken darf, ich sage einmal so bei 60 in Betreuung rum und heuer waren es halt so in der Spitzenzeit um die 130."

Mamendéiere leide selwer

Well och aner Fleegestatiounen an der Groussregioun am Juni wéinst der Hëtzt iwwerfëllt waren, hätt een och zu Diddeleng missten d’Dieren zoumaachen a sech op d’Fleeg vun deenen Déiere konzentréieren, déi dee Moment an der Statioun waren. Dat wiere virop jonk Villercher gewiescht, erkläert de Veterinärsresponsable Louis Kox.

"Well d'Elteren net schnell genuch erbäi komm si mat fidderen, well d'Elteren eventuell duerch d'Hëtzt selwer gestuerwe sinn, sinn, hunn déi jonk Déieren op eemol probéiert aus dem Nascht ze sprangen, fir se och opmierksam ze maachen." 

Villercher kéinte sech manner gutt géint d’Hëtzt schütze wéi Mamendéieren, erkläert de Georg Xander.

"Die schaffen es vielleicht, dass sie sich irgendwo abkühlen, dass sie trotzdem noch irgendwo einen Matsch finden, ein Wasser finden, wo sie irgendwo die Körpertemperaturen runterkühlen können."

Zäit vun der Fermeture extrem ustrengend

Datt et iwwerhaapt esouwäit komm ass, datt een d’Statioun huet missten zoumaachen, hätt och mat den Déieren hierem Rhythmus ze dinn, mengt hien. 

"Wenn die Hitzewelle vielleicht jetzt Anfang August gestartet hätte oder Ende Juli, Wäre das Aufkommen der Tiere vielleicht wesentlich geringer gewesen,, weil die Hauptbrutzeit eigentlich Mai, Juni bei den Tieren ist."

Fir de Veterinär Louis Kox a seng Ekipp war d’Zäit vun der Fermeture enorm ustrengend. Hien hätt mat enger Zort Tunnelbléck geschafft erzielt hien. Wéi ustrengend dat war huet hien awer réicht gemierkt wou d’Fleegestatioun nees opgemaach huet.

"Wéi dat alles stoung, do war mol wierklech e puer Deeg de ganzen Energiespigel ganz déif an do huet ee rëm e bësse misse Kraaft sammelen, wéi de ganze Stress an de ganzen Adrenalin eriwwer war."

Gemeeschtert hätt een d’Situatioun just mat Hëllef vun enger ganzer Rëtsch Benevollen déi sech gemellt haten. Déi Benevolle solle forméiert gi fir och an Zukunft kënnen eng Hand mat unzepaken, seet de Georg Xander.

"Es geht darum, jetzt einen Pool zu schaffen an willigen und fähigen Leuten, dass wir dann im nächsten Frühjahr gewappnet sind für so einen möglichen, nächsten grossen Ansturm."

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Elo sinn Déiere wäit entwéckelt

Datt en ähnlechen Szenario wéi am Juni méi spéit am Joer nach eng Kéier géif antrieden, war fir de Veterinärresponsablen trotz héijen Temperaturen an der laanger Drécheperiod iwwer de Summer keen Thema. 

"Well déi ganz jonk Déiere si schonn vill méi wäit an der hirer Entwécklung, dat heescht déi meescht jonk Villercher, déi si schonn eigentlech flugfäeg, déi kënne scho selwer friesse goen, jee no Spezies sinn d'Eltere vläicht nach do, mee déi kënne se och vum Buedem fidderen."

Nawell géifen d’Vullen hirt Verhalen wéinst der Hëtzt upasse seet de Georg Xander. Vill Vulle géifen zum Beispill just eng Kéier am Fréijoer bréien amplaz zwee oder dräimol.

"Die Tiere merken das. Es ist zu heiss, es ist zu anstrengend und wir werden es wahrscheinlich nicht schaffen die Jungen durchzubringen."

Et wier dofir och interessant ze kucken, wéi d’Bestänn vun de Vulle sech iwwer déi nächst Joren entwéckelen mengt de Georg Xander.

"Ob durch die lange Hitzeperiode und insbesondere auch durch die Hitzeperioden in den Brutphasen, ob sich da der Bestand reduziert auf lange Sicht oder ob er es doch schafft, sich irgendwie zu erhalten."

Liewensraum vum Igel verschwënnt

Den Ament géif et awer nach keng Donnéeë ginn op déi ee sech kéint baséieren, esou den Direkter. Och d’Mamendéieren hätte mat den héijen Temperaturen ze kämpfe gehat. Besonnesch opgefall wier dat beim Igel – deem Mamendéier dat am heefegsten zu Diddeleng gefleegt gëtt.

"Dehydriert oder einfach verwahrlost, das Tier geschwächt. Das ist jetzt eher so das Krankheitsbild, das bei uns eintrifft."

Schold dorun wier nieft der Hëtzt an der Dréchent och, datt de Liewensraum vum Igel géif verschwannen. Op der Fleegestatioun gëtt et an der nächster Zäit, wéi ëmmer am Spéitsummer, méi roueg. Vill Zuchvulle géifen sech lues a lues nees op de Wee a Richtung Süde maachen erkläert de Louis Kox. Ma och vill Mamendéieren géife sech elo scho preparéiere fir ze iwwerwanteren.