Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An der Belsch sinn haut Europa-, National- a Regionalwalen

Grousse Waldag

An der Belsch sinn haut Europa-, National- a Regionalwalen

Europawäit awer sinn haut 373 Millioune Wieler invitéiert hir Stëmm fir d‘Europaparlament ofzeginn. Op verschiddene Plazen ass et net just déi Wal. Bei eisen Noperen an der Belsch gëtt esou och en neit nationaalt Parlament gewielt, et sinn awer och Regionalwalen a Flanderen an an der Wallonie, genee ewéi an der Haaptregioun Bréissel, a bei der däitschsproocheger Communautéit.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Bildagentur-online | Sunny Celeste

Ëmfroe soen de rietse Parteie e Stëmmenzouwuess viraus, a Flanderen kéint de Vlaams Belang op 27 Prozent vun de Stëmme kommen. Wat eng Regierungsformatioun dono op en Neits schwiereg wäert maachen. Aktuell huet eng lénks-riets Regierung mat 7 Parteie regéiert, Sondagë soe viraus, datt si d‘Majoritéit verléiere kéinten, virun allem wéinst schlechte Resultater, déi déi Gréng ze erwaarden hunn. Bei de leschte Walen 2019 hat et 16 Méint gedauert, ier d‘Koalitiounspartner sech eens waren.