Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Notturno  |  Gary Peters - Relent Less

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An den USA kéint TikTok verbuede ginn, Kritik vu China

Wéinst méiglecher Spionage

An den USA kéint TikTok verbuede ginn, Kritik vu China

D‘Representantenhaus huet hënt ee Projet gestëmmt, wouduerch TikTok an den USA kéint verbuede ginn. D‘Gesetz muss nach duerch de Senat.

auto_stories

1 min

TikTok | ©  Solen Feyissa / Unsplash
TikTok (Foto: Solen Feyissa / Unsplash)

Déi amerikanesch Autoritéite soen, TikTok - eng chineesesch App - géif vun der Regierung zu Peking genotzt ginn, fir an den USA ze spionéieren an d‘Bierger ze manipuléieren. TikTok huet an den USA ronn 170 Milliounen Utilisateuren.

Peking reagéiert gereizt

China reagéiert ganz schaarf op déi US-amerikanesch Pläng fir TikTok ze verbidden. Peking huet den USA Ënnerdréckung virgehäit. Washington hätt ni Beweiser virgeluecht, datt TikTok déi national Sécherheet géif a Gefor bréngen, sot e Spriecher vum chineeseschen Ausseministère. D‘USA géifen hei no der Logik vun engem Raubritter virgoen. Dëse Vott wier géint de Konkurrenzprinzip, sot ee Spriecher vum chineeseschen Ausseministère.

Geldstrof fir Tiktok an Italien

An Italien huet d‘Konkurrenzautoritéit iwwerdeems elo eng Geldstrof an Héicht vun zéng Milliounen Euro géint TikTok verhaangen. Deemno géif de Contenu op der Plattform net genuch kontrolléiert ginn, notamment Inhalter, déi d‘Sécherheet vu Mannerjärege kéinten a Gefor bréngen.

live

Live