Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Paprika

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An d'Pensioun goen: Hutt Dir schonn dru geduecht?

Reportage

An d'Pensioun goen: Hutt Dir schonn dru geduecht?

Et ass wichteg, sech op d‘Pensioun virzebereeden an aktiv ze bleiwen. Dat war den Haaptmessage op enger rezenter Konferenz vum GERO, dem Kompetenzzenter fir den Alter.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Pierre Reyland

Wat maacht Dir, wann Dir an d‘Pensioun gitt? Vill Leit stellen sech déi Fro net. Déi eng, well se ze jonk sinn. An déi aner, well se net wëllen driwwer nodenken, oder well se mengen, d‘Pensioun géif eben iergendwann automatesch kommen. Mee et kann an et soll ee sech drop virbereeden, mengt de "Kompetenzenter fir den Alter“. De GERO organiséiert dofir Konferenzen, fir ze hëllefen, den Iwwergang an d‘Pensioun positiv ze gestalten.

A Kontakt mat Leit bleiwen

D'Pensioun wäert sécher kommen. Dat weess d‘Yeanny Janssen-Bakx. Si ass zënter méi wéi 40 Joer Infirmière bei der Ligue Santé mentale an huet decidéiert, d‘nächst Joer mat 61 Joer an d‘Pensioun ze goen.

"Ech muss zouginn: Mat mengen 58 Joer hunn ech nach net vill iwwert d‘Pensioun nogeduecht. A vläicht maachen ech domat ee vun de klassesche Feeler."

Si huet awer och schonn e Plang: Si gëtt Pensiouns-Coachin beim Gero.

"Wéi ech mam Gedanken ugefaangen hunn ze spillen, 'Hei du gees an d'Pensioun', hunn ech geduecht, sich der och eppes, wou s de nach a Kontakt mat de Leit bleifs, well ech einfach weess, dass mir dat wäert feelen."

Aktiv bleiwen, sozial Kontakter behalen: Datt dat an der Pensioun wichteg ass, war ee vun den Haaptmessagen un déi 10 Leit, déi op d‘Konferenz koumen. "Et hält ee jonk", esou d‘Coachin Astrid Lauterbach

"Déi sozial Kontakter sinn immens wichteg, fir verschidde Saache virzebeugen, déi Gesondheet betreffen. Dir bleift einfach jonk domadder. Dir musst Iech auserneesetze mat Saachen. Dir gitt gefuerdert. Et ass einfach … Liewen."

"Ech sinn an ee Vide gefall"

Och wann ee weess, datt d’Pensioun kënnt, kann d’Realitéit dovun een iwwerraschen, zielt eis ee Mann, deen Ufank dës Jores an d'Pensioun gaangen ass.

"Ech sinn Ufank dës Jores a Pensioun gaangen, an ech hu wierklech mech virun engem Vide fonnt."

Hien huet an den Assurancë geschafft a war laang och President vun engem grousse Lëtzebuerger Fussballclub.

"Vu dass ech virdrun extrem aktiv war, ganz vill gereest sinn, ganz vill an international Organisatioune war, hunn ech op eemol e Vide gehat. Op eemol freet ee sech moies: Wat maachen ech elo? Ech hunn zwar zwee Bouwen. Ech hunn och deen een, deen huet e klengt Meedchen an esou. Ech sinn nach ëmmer sportlech aktiv. Ech gi vill ze Fouss. Ech fuere Vëlo. Ech maachen hei an do. An awer ..." 

Fräiheet a Selbstbestëmmung

Eng Méiglechkeet ass de Benevolat. Um Site benevolat.lu géif ee Villes fannen, erkläert d‘Astrid Lauterbach.

"Et ass wierklech vun allem ass do. An et brauch ee sech net ze engagéieren op e ganzt Joer. Et kann ee sech engagéieren op eng Woch, op een Dag. Et kann een einfach just eng Kéier hëllefe goen enzwousch. Doduerch léiert een och Leit kennen."

Fir vill Leit ass d‘Pensioun eigentlech och kee Problem. D‘Pensioun kann eppes ganz Positives sinn. Een neien Ufank, eng nei Chance, seet och een anere Mann, mat deem mir geschwat hunn. Hien huet zënter Mäerz d'Pensioun. Am Virfeld hätt hie sech vill Gedanke gemaach, mee am Endeffekt wier hien elo frou, méi Zäit zur Verfügung ze hunn.  

"Am Fong ass dat d'Selbstbestëmmung, Fräiheet, fir besser iwwert meng Zäit ze verfügen. An déi Aktivitéiten, déi ech elo nach hunn am Kader vun der Famill, do kann ech mech voll drop konzentréieren. Et gefält mir de Moment immens gutt."

"Ech fannen dat schlëmm, Leit op d'Pensioun ze preparéieren"

Eng aner Fra, déi och op der Konferenz ass, schéngt nach net ganz vum Konzept iwwerzeegt ze sinn, aner Leit op d'Pensioun virzebereeden. Si wier scho laang an der Pensioun, zielt si um 100,7-Mikro, a mengt, datt keen engem anere misst soen, wat en an der Pensioun maache sollt.

"Wann Dir nach e Gehier hutt, wat fonctionéiert, da brauch keen Iech ze soen, wat Dir no Ärer Pensioun sollt ufänken. An dofir fannen ech dat schlëmm, dass se do scho wëllen d'Leit preparéieren, wann se d'Pensioun, wat se da solle maachen oder hei oder do. Ma dann hu mer jo nëmme mat lauter Idioten ze dinn.

Op d'Fro, firwat si dann iwwerhaapt de Wee op d'Konferenz fonnt huet, schéngt d'Äntwert puere Virwëlz ze sinn. Ob si dann ee Rezept huet, fir an der Pensioun net an ee Lach ze falen? 

"Ech si vill gereest. Ech hu virun elo nach als al Kou, wéi ech vill an déi arabesch Länner gaange sinn, mam Dictionnaire alleguerten déi Wierder, déi ech dobausse ka gebrauchen, geléiert. Dir dierft net doheem sëtzen a mengen, d’Stäre kéime vum Himmel gefall. Dir musst Iech selwer dru ginn, fir Iech fit ze halen."

Lauschterenplay_arrow

Wéi geet een entspaant an d'Pensioun?

An eiser Emissioun Den Hallwer Néng huet d'Christiane Kleer mam Direkter vum Kompetenzzenter fir den Alter, dem Alain Brever, geschwat. Dobäi geet et och ëm d'Fro, wéini ee sech da soll ëm eng Plaz këmmeren, wou ee ka wunnen, wann een Hëllef brauch.

Lauschterenplay_arrow