Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An Däitschland protestéieren d'Baueren

Vun haut un

An Däitschland protestéieren d'Baueren

A ganz Däitschland protestéieren d‘Baueren haut weider géint d’Agrarpolitik vun der Ampel-Regierung. Zanter Méindegmoie sinn Trakteren am ganze Land ënnerwee. Vill Stroossen an Autobunn-Opfaarte goufe blockéiert, och d‘Grenzregioun ass betraff. Am Raum Tréier waren Autobunn-Opfaarte blockéiert an op verschiddene Grenziwwergäng, dorënner Waasserbëlleg a Gréiwemaacher, gouf et zolidd Problemer am Verkéier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Bodo Schackow play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Bodo Schackow)

D’Ganz Woch soll demonstréiert ginn, an dat obwuel déi däitsch Regierung en Deel vun de geplangten Agrar-Kierzungen nees zeréckgezunn huet.

No den deels aggressive Protester vun de Baueren, huet déi däitsch Regierung decidéiert e puer vun de geplangte Spuermesuren nees réckgängeg ze maachen. Ënnert anerem sollten d‘Subventioune fir den Agrardiesel a Steiervirdeeler op Gefierer ewechfalen. Deem ass elo net esou. An awer ginn d’Baueren an Däitschland weider op d’Strooss. Dat aus direkt e puer Grënn, wéi de Walter Clüsserath, ee Vertrieder vum Bauereverband aus dem Raum Tréier-Saarburg eis op Nofro erkläert.

"Sei das jetzt die EU-Nitrat-Richtlinie. Wir hatten Biotop-Vernetzungen, Naturschutzgebiete, Landschaftsschutzgebiete. Da haben uns die Politiker vor Jahren gesagt, das könnt ihr alles machen, da werdet ihr keine Einschränkungen haben. Wir haben da erlebt, allein durch die EU, was da kommen sollte, mit Verboten bis zu Total-Verboten hier an der Mosel, weil wir Landschaftsschutzgebiet sind."

Gëtt just nach ideologesch gehandelt?

Et misst fir d’éischt mat de Bauere geschwat ginn an och op si gelauschtert ginn, fuerdert de Walter Clüsserath.

"Tut uns wie unsere Freunde und Kollegen in Luxemburg, in Frankreich, in Belgien, dass wir gleiche Wettbewerbsbedingungen haben. Dann brauchen wir diese ganzen Anträge nicht mehr zu stellen. Dann sind wir beim Diesel auf der einen Ebene. Ob das in Deutschland drin ist - mit Verlaub gedacht - ich glaube es nicht, weil hier nur noch rein ideologisch, zumindest gefühlt, gehandelt und regiert wird."

Och an der Eifel gouf sech um Méindegmoie mam Trakter op de Wee gemaach fir géint d’Agrar-Politik vun der däitscher Regierung ze protestéieren. De Stefan Schüssler, ee Bauer aus Badem, sot an engem Interview mam SWR, d’Ampel misst endlech op d’Fuerderunge vum Mëttelstand agoen.

"Verteuerungen, die den Mittelstand, unter anderem auch die Landwirten, stark belasten, ablegen und den Mittelstand wieder stark für die Zukunft machen."

Et misst ee sech op eng grouss Mass u Protester astellen, esou de Stefan Schüssler géigeniwwer dem SWR. D‘Protester sollen d‘ganz Woch laang daueren. 

Lauschterenplay_arrow