Radioen

On air

Notturno  |  Lemon City Trio - Dunes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Amokleefer vu Lewiston gouf dout opfonnt

Lewiston

Amokleefer vu Lewiston gouf dout opfonnt

Am US-Bundesstaat Maine zu Lewiston gouf d‘Läich vum presuméierten Täter vun der Schéisserei vu virgëschter, de Robert Card, fonnt. Seng Läich gouf an der Ëmgéigend fonnt, wou säin Auto vun der Police entdeckt gouf.

auto_stories

1 min

Hien ass den Auteur vun der Schéisserei vu Lewiston, wou 18 Mënschen ëm d‘Liewe koumen, dorënner ee Kand vu 14 Joer.

D‘Police geet dovunner aus, datt hie sech selwer d‘Liewe geholl huet. Wéini konnt bis elo net festgeluecht ginn.

An den USA gëtt et op en neits eng Diskussioun ëm de Verkaf vu Waffen. Zanter dem Ufank vum Joer sinn an den USA 15.000 Persoune wéinst Schéissereien ëm d‘Liewe komm.