Radioen

On air

Notturno  |  Culture The Kid - Insolente

play_arrow Live
search

/ Amnesty International: Verstéiss géint Mënscherechter an der Produktioun vun E-Autoen

E-Mobilitéit

Amnesty International: Verstéiss géint Mënscherechter an der Produktioun vun E-Autoen

D‘Mënschrechtsorganisatioun Amnesty International äussert Kritik iwwert d‘Produktioun vun Elektroautoen: Déi grouss Produzente géifen net genuch op méiglech Verstéiss géint d‘Mënscherechter oppassen, heescht et.

auto_stories

1 min

© picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
(Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch)

Amnesty International huet virun allem d‘Liwwerkette fir d‘Rohstoffer fir E-Auto-Batterien ënnert d‘Lupp geholl – Kobalt, Koffer a Litihum.

Am schlechtsten huet beim Respekt vun de Mënscherechter de chineesesche Constructeur BYD ofgeschnidden, an am beschte Mercedes Benz. Allerdéngs huet esou guer Mercedes als Beschten am Ranking vun Amnesty International just 51 vu méiglechen 90 Punkte kritt. Tesla kënnt op déi zweet Plaz, mat 49 Punkten.