De Parquet huet bis elo just erkläert, datt et eng Verbindung zu der Waff géif ginn, mat där virun zéng Deeg zwee schwedesch Fussballfans zu Bréissel erschoss gi waren.
Déi islamistesch Terrororganisatioun IS hat d‘Attentat revendiquéiert. De Schëllege selwer war den Dag drop vun der Police erschoss ginn.