search

/ Iran-Expert: USA hu keen Interêt un enger Demokratiséierung vum Iran

Iran

|
headphones

2 min

Iran-Expert: USA hu keen Interêt un enger Demokratiséierung vum Iran

All Militär-Basen, Installatiounen a Verméigenswäerter vun de feindlechen Arméien an der Regioun ginn als legitim Ziler duergestallt, wéi et an engem Bréif vum iranesche Botschafter bei der UNO un hire Generalsekretär António Guterres heescht.

headphones

2 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

D’US-Arméi huet am Noen Osten eng Rei Basen, op deenen Zéngdausenden Zaldote stationéiert sinn. Den Iran huet gläichzäiteg awer ënnerstrach kee Krich wëllen unzefänken.

Iran-Expert: USA hu keen Interêt un Demokratiséierung am Iran 

Datt ee gezilte Militärugrëff vun den USA op den Iran zu engem Regimmwiessel féiert, wier ze bezweiwelen, seet den Iran-Expert a Politikwëssenschaftler Ali Fathollah-Nejad am 100,7-Interview. Den US-President Donald Trump huet an der Lescht ëmmer nees mat engem militäreschem Ugrëff gedreet, wa keen Deal par Rapport zum iraneschen Atomprogramm géif duerchgoen. 

De Regimm am Iran ze ënnerstëtzen, wier awer och guer net den US-Amerikaner hir Prioritéit, esou den Ali Fathollah-Nejad. Hie seet, den Trump hätt aner Pläng.

"Ich gehe davon aus, dass die USA in erster Linie ihr und das hat ja auch Trump ganz klar gesagt, dass er die Präferenz hat, einen Deal, eine diplomatische Lösung sozusagen mit dem Regime zu suchen, dass es in den USA in erster Linie darum geht und nicht um einen Regime -Change. Es ist, glaube ich, klar, dass auch der politische Appetit quasi fehlt. einen Regime -Change à la Irak beispielsweise durchzuführen, was ja auch Bodentruppen beinhalten müsste. Ich glaube, all das ist in dem Iran -Szenario nicht realistisch."

Iwwerdeems hätte Länner aus der Regioun, wéi Israel oder arabesch Natiounen, éischter Interêt un engem schwaache Regimm am Iran, wéi un engem Regimmwiessel ouder esougeur enger Demokratiséierung, esou den Ali Fathollah-Nejad. 

Den US-President Donald Trump hat virun engem Dag een Zäitraum vun 10 bis 15 Deeg genannt, fir een Accord mam Iran ze erreechen. Bei de Verhandlunge geet et ëm den ëmstriddenen Atom-Programm vum Iran. D’USA wëlle verhënneren, datt déi Islamesch Republik Atomwaffe kritt.