arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Als éischt Gemeng am Land féiert Esch elo och eng Leerstandssteier op Wunnengen an

Gemeng Esch

|
reading time

3 min

Als éischt Gemeng am Land féiert Esch elo och eng Leerstandssteier op Wunnengen an

D‘Gemeng Esch huet de Moien eng Steier op Wunnengen decidéiert, déi eidel stinn. Ween an Zukunft an der Minettmetropol eng Wunneng méi wéi annerhalleft Joer eidel stoe léisst, bezilt am éischte Joer eng Tax vu 50 Euro pro Meeterkaree Wunnfläch.

reading time

3 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Am zweete Joer klëmmt se op 70 Euro a vum drëtte Joer un eng vun 100 Euro. Dem CSV-Buergermeeschter Christian Weis no misst virum Hannergrond vun der Logementskris - der "gréisster Prioritéit" am Land - all Hiewel ëmgeluecht ginn. 

1.500 Wunnengen eidel

De Christian Weis ass bei der Presentatioun vun der Steier op déi aktuell Situatioun zu Esch agaangen.

"Eis Servicer ginn dovun aus, datt tëschent 8 an 10 Prozent um Escher Territoire hei eidel stinn. Dat sinn der ëm déi 1.500, wouvun eng 70 Prozent ongeféier méi wéi e Joer eidel steet." 

Beim Mobiliséiere vun eidel stoendem Wunnraum wären d'Proprietären an der Flicht, sou de Buergermeeschter. Et wéilt ee si responsabiliséieren, ouni mam Fanger op si ze weisen.

Inspiratioun fir aner Gemengen?

D'Proprietären hätten 18 Méint Zäit, fir sech a Konformitéit ze setzen, a sollt um Enn een d'Tax net wëlle bezuelen, kéint en op d'Verwaltungsgeriicht goen. Den CSV-Politiker huet mam Saz opgehalen, datt haut aner Gemengen op Esch kucke géifen.

De Marc Baum vun déi Lénk war net manner euphoresch: Endlech géif ee géint de spekulative Leerstand virgoen, an et stéing en historesche Vote un. Schliisslech wier d'Grondrecht, fir en Daach iwwert dem Kapp ze hunn, fir vill Leit zur Aarmutsfal ginn.

"An esou enger Situatioun Wunnengen ze besëtzen a se net ze benotzen, net ze verkafen, net ze verlounen, ass a mengen Ae mënschlech a moralesch inakzeptabel." 

Iwwer den Text kéint ee vill diskutéieren. Entscheedend wier awer, wat fir e Message vun Esch ausgoe géif, sot de Marc Baum.

De Bernard Schmit vun der ADR huet als Eenzege géint dës Steier gestëmmt, virun allem wéinst engem presuméierte Schwäche vum Propriétéitsrecht. De Sacha Pulli vun der LSAP an de Buergermeeschter Christian Weis hu mat Onverständnis dorop reagéiert. Beim Vote war dann och, bis op den ADR-Vertrieder, jidderee fir dës Leerstandssteier. 

De Moie gouf och d'Konzept an d'Hébergementskonditioune vum neien "Abrisud" an Al Esch ugeholl. Aus dem Projet, deen am Mäerz 2024 presentéiert gouf, gëtt elo Realitéit, huet sech den CSV-Schäffe Bruno Cavaleiro gefreet.

Abrisud soll keng permanent Wunnstruktur ginn

Am neien Nuetsfoyer gëtt et 31 Better fir Sans-abrien. Fir si brauch et eng individuell Approche, an eng aktiv Zesummenaarbecht tëschent dem Beneficiaire an dem sozio-edukativem Personal. 

"Well eng Sozialbegleedung kann nëmmen da wierklech eppes bewierken, wann et méiglech ass, zesummen un enger Perspektiv ze schaffen. Dat ass och de Grond, firwat dës Zesummenaarbecht an de Verträg kloer festgehale gëtt."

Et soll keng permanent Wunnstruktur ginn, ënnersträicht de Bruno Cavaleiro. 

"Den Abrisud soll eng Statioun sinn, déi Sécherheet bitt, mee och de Wee an eng méi stabil Liewenssituatioun opmécht."

Sans-abrie kënnen eng Adress do kréien an z.B. och en Hausdéier matbréngen, sou nach de Schäffen. De Vote fir den neien Escher “Abrisud” war eestëmmeg. Seng offiziell Ouverture ass fir de 16. November.