Radioen

On air

Al Schanken  |  Nick Cave - The Weeping Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ All d'Parteien engagéiere sech fir e fairen Europawalkampf

Europawalen

All d'Parteien engagéiere sech fir e fairen Europawalkampf

All d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, an och d’Partei Fokus, engagéiere sech fir ee fairen an sachlechen Walkampf fir d’Europawalen am Juni. Haut de Mëtteg gouf dat entspriechend Walkampfofkommes ënnerschriwwen.

auto_stories

2 min

Deemno verflichte sech d’Parteien dozou, de Budget fir d’bezuelte Reklammen an alle Medien op 100.000 Euro ze begrenzen. Weider soll d‘Zuel vun de groussflächege Panneauen op 120 an vun den hëlzenen Opsteller laanscht Stroossen op 500 uechter d’Land limitéiert ginn.

Donieft verzichten d’Parteien op déi sougenannten Hohlkammer-Panneauen, an och op Spotten an de Kinoen an Affichagen op de Busser an um Tram. Dëse Walkampf soll sou wäit wéi méiglech och ökologesch bleiwen: Materialien fir zum Beispill Gadgeten sollen nohalteg produzéiert ginn.

"E kloert Engagement"

All déi present Parteien hu beim Ënnerschreiwe betount, datt dëst Ofkommes ee wichtegen Engagement ass, betount den Dan Biancalana vun der LSAP:

“Et gëtt kee Gesetz, kee juristesche Kader, dofir ass ee Walofkommes wéi dat heiten och ee ganz kloert Engagement, vun de jeeweilege Parteie wärend der Walcampagne, fir ee gewëssent Verhalen un den Dag ze leeë respektiv ee gewëssent Verhalen net un den Dag ze leeën. Do ass virun allem de Respekt deen hei am Vierdergrond steet. Et ass virun allem och eng moralesch Selbstverflichtung, déi ee sech gëtt als Partei, wann een och dat Walofkommes hei ënnerschreift.“

Et géife keng Sanktioune ginn, wann ee sech net un d‘Walofkommes hält, erkläert den Dan Biancalana.

Den offizielle Walkampf fänkt de 6. Mee un.