Radioen

On air

Kultur um 5  |  Interpol - Narc

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donnerwiederen: Iwwer 630 Interventioune vum CGDIS

Alerte orange

Donnerwiederen: Iwwer 630 Interventioune vum CGDIS

Gëschter Owend goufen et wärend e puer Stonne staark Donnerwiederen: Meteolux huet plazeweis bis zu 40 Liter/m2 gemooss a Wandstéiss vu bis zu 100 km/h. D'Rettungsdéngschter goufen an e puer Stonne bal 3000 mol kontaktéiert. Iwwerdeems gouf d'Héichwaasseralerte kuerz no 11 Auer opgehuewen.

auto_stories

3 min

Foto: Jörg Brinckheger

D'Previsioune goufe confirméiert: Besonnesch iwwert dem Südweste vu Lëtzebuerg goufen et gëschter Owend hefteg Donnerwiederen, mee och déi aner Deeler vum Land ware concernéiert. D'Rettungsdéngschter vum CGDIS mellen, datt si tëscht 19 Auer a Mëtternuecht 2770 mol ugeruff goufen. Um Enn goufen eng 630 Asätz wéinst den Donnderwiedere gefuer. En Drëttel vun den Interventioune hunn de Raum Péiténg-Déifferdéng-Suessem concernéiert, esou de CGDIS-Direkter Paul Schroeder de Moien am 100,7-Interview. Meeschtens gouf Hëllef gefrot fir Kelleren auszepompelen. Et goufen och Beem a Clôturen ewech geraumt, déi wéinst dem Wand ëmgefall sinn.

Appel vum CGDIS un d'Eegeverantwortung

De Moien zéien d’Appeller beim 112 nees un, esou de CGDIS-Direkter. Verschidde Leit géifen no der Nuecht elo réischt Schied feststellen. De CGDIS mécht en Appel un d’Eegeverantwortung. Fir d’Rettungsekippen ze entlaaschten, sollt jidderee kucken, wat en eventuell selwer ewech raume kann.

Fir gëschter Owend hält de Paul Schroeder fest, dass d’Rettungsekippe gutt preparéiert gewiescht wieren. Dat wichtegst wier, dass kee Mënsch zu Schued koum, de Materialschued wier awer plazeweis grouss.

Verschidden ëffentlech Eventer goufen ofgesot

Well d'Wiedere virausgesot gi waren, hat d'Stad Lëtzebuerg de Public Viewing vun der Aachtelsfinall Däitschland - Dänemark (21 Auer um Glacis) ofgesot. D'Aachtelsfinall, déi zu Dortmund gespillt gouf, huet iwweregens och wéinst Donnerwiedere missen ënnerbrach ginn.

An der Stad gouf och de Future Talent Stage op der Place de Clairefontaine ofgesot. Dat Event war vun 18:30 Auer bis 21:30 Auer ugesat. Och d'Transition Days am Schluechthaus an der Stad goufen um 18 Auer fréizäiteg gestoppt. 

Giel Alerte bis 12 Auer - Héichwaasseralerte ass opgehuewen

Wéinst dem ville Reen, deen zënter gëschter Owend erofkënnt, gëllt haut um Sonndeg bis 12 Auer eng giel Alerte (nidderegst Warnstuuf) wéinst engem Iwwerschwemmungsrisiko. A ville Baachen a Flëss sinn d'Niveaue bis Mëtternuecht staark geklomm fir dann awer nees zréckzegoen. Just op e puer Plaze klëmmt den Niveau nach, mee ouni an de Beräich vun den éischte Warnstuufen ze kommen. 

D'Héichwaasserprevisiounszentral huet kuerz no 11 Auer dann och matgedeelt, datt d'Héichwaasseralerte opgehuewe ginn ass.Och 

Doudeger am Ausland

Bei Lille a Frankräich awer sinn dräi Leit ëm d‘Liewe komm, wei am Stuerm e Bam op hiren Auto gefall ass. 

An der Schwäiz am Kanton Tessin zu Fontana ass en Terrain gerutscht, zwee Leit sinn ëm d'Liewe komm. Eng drëtt Persoun ass vermësst.

 

 

Den aktuellste Stand fann Dir op meteolux.lu.

Dësen Artikel gouf wéinst den aktuellen Entwécklunge schonn e puer mol aktualiséiert. An enger éischter Versioun gouf et fir gëscht Owend just eng giel Warnung. Déi gouf kuerz virun 18 Auer op orange eropgestuuft.