arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Alain Massen: "Angschtzoustänn a Panikattacke wéinst den Hausaufgaben"

Educatioun

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Alain Massen: "Angschtzoustänn a Panikattacke wéinst den Hausaufgaben"

D'Debatt ëm d'Ausmooss vun den Hausaufgabe wier net nei, seet den Alain Massen, President vun der Elterevertriedung. Et wier net onbedéngt esou, datt et elo méi Hausaufgabe géif gi wéi fréier, mee de Liewensrhythmus hätt sech geännert.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
De President vun der Elterevertriedung Alain Massen | © Radio 100,7
De President vun der Elterevertriedung Alain Massen (Foto: Radio 100,7)

"D’Gesellschaft huet sech geännert", seet den Alain Massen. Fréier hätten nach méi Famille méi dacks Lëtzebuergesch geschwat, hätten also manner Problemer am Däitsche gehat an dacks hätt nëmmen een Elterendeel geschafft. Deemools wieren d'Eltere méi disponibel gewiescht, esou den Alain Massen.

"D'Liewe war anescht rhythméiert"

Elo géife meeschtens béid Elterendeeler musse schaffe goen an et géife méi Aktivitéite ginn (Maison relais, Sport, etc.).

“An da sinn déi Hausaufgaben, wann déi dann ze schwéierfälleg sinn oder ze vill sinn, dann ass dat op eemol eng Belaaschtung, déi einfach d'Faass zum Iwwerlafe bréngt.”

Hausaufgabe wiere wichteg fir d’Kompetenze vun de Kanner ze consolidéieren, esou den Alain Massen. Mee et misst een awer de Kontext consideréieren.

D’Wuelbefanne vun de Kanner géif ënner deem permanente Stress leiden, sief et vu scho gestressten Elteren, dem Stress am Alldag, an der Schoul oder vum ganze Liewen. "Deem muss Rechnung gedroe ginn", seet de President vun der Elterevertriedung a Psychotherapeut.

Et géife wuel Direktive vum Educatiounsministère ginn, zum Beispill datt Hausaufgabe missten individualiséiert ginn an datt et keng Hausaufgaben iwwer d’Weekender oder Vakanze solle ginn.

Et wier awer schwéier korrekt Statistiken ze erhiewen, wéi vill sech effektiv un dës Direktive gehale gëtt.

Droit à la déconnexion

Den Alain Massen géif de Stress bei de Kanner och als Psychotherapeut gesinn. Hie schwätzt vun Angschtzoustänn a Panikattacken a vun enger Demotivatioun bei de Kanner.

Erwuessener hätten e Recht op Deconnectioun, mee wéi ass et da bei de Kanner, freet den Alain Massen am 100,7-Interview.

“Si hunn hir Schoul, da ginn si nach an d'Maison relais vill Stonnen, verschiddener vun hinnen, an da Sportaktivitéiten, dat ass och ustrengend, an da komme si heem an da musse si sech nom Iessen a virun der Dusch dann nach eng Kéier dohinner sëtzen, fir déi Hausaufgaben ze maachen, mat vläicht engem Ëmfeld, wou d'Famill dat dann och net ëmmer esou ka guidéieren.”  

Hausaufgabe géifen d’Inegalitéiten an der Educatioun nach weider verstäerken, betount den Alain Massen. An et wier d’Verantwortung vum Ministère dofir ze suergen, datt dat géif reduzéiert ginn.

play_arrow Lauschteren