De Piratendeputeierten Sven Clement invitéiert de Mëtteg um 14 Auer op eng Pressekonferenz fir op déi rezent Entwécklunge Positioun ze bezeien. Et ass eng Invitatioun, déi net am Numm vun der Piratepartei verschéckt ginn ass. Dat ass d‘Reaktioun op Aussoe vum anere Piraten-Deputéierte Marc Goergen de Moien bei RTL.
Deen huet am RTL-Interview schwéier Kriticke formuléiert, notamment um Sven Clement. Hie sot, wann d‘Piraten d‘Vertrauen un d'Memberen net géifen zréckginn, géif d'Partei virum Aus stoen.
Aktuell géif et kee Vertrauensverhältnis ënnert de Pirate ginn, esou de Marc Goergen. Datt de Ben Polidori dës Woch d‘Partei verlooss huet, wier drop zeréck ze féieren, datt hie schlecht vum Sven Clement behandelt gi wier.