Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Affekote vun den Affer vum Mohamed al Fayed: "Mëssbrauch am industrielle Stil"

Justiz

Affekote vun den Affer vum Mohamed al Fayed: "Mëssbrauch am industrielle Stil"

Et wier Mëssbrauch am industrielle Stil, dat sot ee vun den Affekote vun den presuméierten Affer vum verstuerwene Mohamed al Fayed. Virun e puer Wochen haten éischt Frae sech gemellt, déi dem Proprietär vum Londoner Akafshaus Harrods an dem Fussballclub Fulham sexuell Gewalt virgeheien.

auto_stories

1 min

An Tëschenzäit sinn et der iwwer 400. Dorënner si fréier Mataarbechterinne vun Harrods, Spillerinne vu Fulham, oder och soss Fraen aus dem Ëmkrees vum verstuerwene Geschäftsmann. D‘Majoritéit vun den Affer kéimen aus Groussbritannien, et wieren der awer och aus aneren europäesche Länner, aus den USA, Asien an Australien dobäi. Den al Fayed war d‘lescht Joer am August am Alter vu 94 Joer gestuerwen. Hie war de Papp vum Dodi al Fayed, de leschte Partner vun der Prinzessin Diana, dee mat hir zesummen am Autosaccident zu Paräis ëm d‘Liewe komm war.