arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär ëm verhënnert Sprengstoff-Attack: Zwee presuméierter Täter identifizéiert

Däitschland

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Affär ëm verhënnert Sprengstoff-Attack: Zwee presuméierter Täter identifizéiert

Déi däitsch Autoritéiten hunn e knappe Mount no der versichter Dronenattack um Leipziger Flughafen zwee méiglech Attentäter am Viséier. Si sollen allen zwee Connectiounen zu Russland hunn. D’Bundesregierung huet Moskau als Ordonnateur vun der Attack genannt a Konsequenzen ugekënnegt. 

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
EPA/JAN WOITAS | © EPA/JAN WOITAS
Däitsch Police (Foto: EPA/JAN WOITAS)

An der Affär ëm déi verhënnert Sprengstoff-Attack mat enger Dron um Leipziger Flughafen, ass et dem Bundeskriminalamt gelong, zwee Tatverdächteger ze identifizéieren.

Déi Verdächteg sollen alle béid russesch Päss besetzen. Dat huet d'Recherchekollektiv vun NDR, WDR a Süddeutscher Zeitung gëschter gemellt. D’Wochenzeitung DIE ZEIT schreift iwwerdeems, datt géint déi zwou Persounen ermëttelt gëtt. 

DNA-Spuere vu presuméierten Täter aus Belarus 

Ee vun de presuméierten Täter ass aus Belarus. DNA-Spuere vun him goufe wuel un der Dron an un enger Antenn fonnt, déi an der Géigend vum Leipziger Flughafen un engem Bam fonnt gi war. 

D’Ermëttler konnten novollzéien,wéi hien an Däitschland an- an ausgereest ass. Offenbar hat hien an der belarussescher Haaptstad Minsk en italieeneschen Touristevisa krut.

Zweete presuméierten Täter iwwer Berlin agereest

Den zweete Mann soll nieft dem russeschen och e lettesche Pass hunn. Hien hätt d’Logistik vun der versichter Attack iwwerholl. Den Ermëttler no wier hien iwwer de Flughafe vu Berlin agereest, a schonn zwee Deeg virun der Attack um Flughafen zu Leipzig nees ausgereest.

D’Ermëttler gi mëttlerweil dovun aus, datt méi Drone bei der Attack agesat goufen, wéi bis elo bekannt. Bis elo goufen dräi Dronen entdeckt, verschiddener ganz, anerer an Eenzeldeeler.

Wéi d’Süddeutsche Zeitung schreift, sinn déi däitsch Autoritéiten awer skeptesch, ob déi presuméiert Täter zur Verantwortung kenne gezu ginn. Dofir missten si zréck op europäeschen Territoire reesen.

Sabotage-Aktiounen och an Dänemark 

Iwwerdeems huet Dänemark versichte russesch Sabotage-Aktiounen op sengem Territoire gemellt. Betriber, déi an der Verdeedegungsindustrie aktiv sinn, sollte geziilt mat Sabotage-Aktioune geschwächt ginn, esou déi dänesch Zeitung Berlingske. Si berifft sech op den dänesch Geheimdéngscht.

Moskau weist all Schold vu sech 

Moskau wéist iwwerdeems all Verantwortung vu sech, a bezeechent déi däitsch Reaktioun als Provokatioun. Déi däitsch Regierung hat gëschter annoncéiert, ënnert anerem d’russescht Konsulat zu Bonn zouzemaachen an dem russeschen Haus zu Berlin de Support ze entzéien.

Als Reaktioun op d'Fermeturen an Däitschland, géif Russland de Goethe Institut zu Moskau zoumaachen, huet de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow ugekënnegt. 

play_arrow Lauschteren