Den Thrum hat am éischten Tour virun zwou Wochen iwwer 45 Prozent vun de Stëmme kritt, den Herrgott war bei ronn 33 Prozent gelant. De Vote gëllt als Stëmmungstest fir déi nächst Walen am Mee an am September am Bundesland. D‘AfD louch an de leschte Sondagen ëmmer wäit vir, bei iwwer 30 Prozent.
De Verfassungsschutz vun Thüringen huet de Landesverband vun der AfD mam Björn Höcke un der Spëtzt als bewise rietsextrem agestuuft an observéiert en.
Demonstratioune géint Rietsextremismus
Iwwerdeems sinn och fir haut uechter ganz Däitschland Protester géint de Rietsextremismus geplangt. Honnertdausende Mënsche ginn zanter dem leschte Weekend op d‘Strooss, no de Revelatiounen iwwer eng Renconter vu radikal rietse Kreesser mat AfD-Fonctionnairen zu Potsdam.