Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ D'AfD huet bei Kommunalwale manner gutt ofgeschnidde wéi erwaart

Däitschland

D'AfD huet bei Kommunalwale manner gutt ofgeschnidde wéi erwaart

Bei de Kommunalwalen an Thüringen huet déi rietsextreem AfD manner gutt ofgeschnidden, wéi erwaart gouf. D‘AfD huet kee Spëtzenamt am éischten Ulaf bei de Landrats- a Buergermeeschterwale gewonnen.

auto_stories

1 min

Den Ofstand zur CDU huet sech awer an e puer kommunale Parlamenter däitlech verkierzt. Vun den 13 AfD-Kandidaten a Kandidatinnen, déi ugetruede sinn, wäerten der 9 an d‘Stéchwal kommen. Dës Wal gëllt als éischte Stëmmungstest fir d‘Landtagswal an Thüringen am September.