Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neit Äerdbiewen a Japan - An Taiwan klëmmt de Bilan op 10 Doudeger an iwwer 1.000 Blesséierter

Asien

Neit Äerdbiewen a Japan - An Taiwan klëmmt de Bilan op 10 Doudeger an iwwer 1.000 Blesséierter

Nom Äerdbiewe gëschter an Taiwan gouf et de Moien een Äerdbiewen a Japan. Mat enger Stäerkt vu 6 op der Richterskala war dat Biewen och zu Tokyo ze spieren. Am meeschte betraff war d'Departement Fukushima. Et gouf awer keng Tsunamiwarnung an et goufe bis elo keng Blesséierter oder gréisser Schied gemellt. 

auto_stories

1 min

Äerdbiewen Taiwan | © Shehryar Sajid Khan / X
Foto: Shehryar Sajid Khan / X

Nom Äerdbiewe gëschter an Taiwan ass de Bilan vun den Affer op iwwer 1.000 Blesséierter geklommen, esou d‘Autoritéiten. Op d‘mannst 10 Leit koumen ëm d‘Liewen. Eng 50 Leit ginn nach vermësst.

Ronn 100 Leit setzen och fest, ënner aneren an Tunnellen. Déi Leit wieren awer net a Liewensgefor, esou d‘Rettungsekippen.

D‘EU géif Taiwan all néideg Hëllef ubidden, huet de Conseilspresident Charles Michel op X geschriwwen.