Radioen

On air

Notturno  |  Alexander Sowinski - Poiera Cosmica - Badbadnotgood, Tim Bernardes

play_arrow Live
search

/ Ab e Méindeg: Viraussiichtlech gréisser Protester vun den däitsche Baueren

Eventuellen Impakt op Frontalieren

Ab e Méindeg: Viraussiichtlech gréisser Protester vun den däitsche Baueren

An Däitschland protestéieren d‘Baueren a si plangen, Stroossen ze blockéieren. Méi wéi 10.000 Baueren aus Rheinland-Pfalz solle sech viraussiichtlech un der Protestwoch e Méindeg bedeelegen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Stefan Puchner
(Foto: picture alliance/dpa | Stefan Puchner)

Si riicht sech géint d‘Spuerpläng vun der Bundesregierung. D‘Stad Tréier réit sengen Awunner, doheem ze bleiwen. An der Bannestad soll guer näischt méi goen. Do ass een Trajet mat 1.000 Trakteren, déi mat 6 km/h fuere geplangt. Och Autobunnsopfaarte solle blockéiert ginn, esou de Veräin vun de Landwirten, wat viraussiichtlech och en Impakt op d‘Grenzgänger hei am Land kann hunn.